Méigleche Streik bei Ampacet Lëtzebuerg"Et ass näischt anescht wéi eng Krichserklärung géintiwwer all de Salariéen"

RTL Lëtzebuerg
88 Prozent vun de Mataarbechter hunn dofir gestëmmt, datt ee géint d'Entreprise op d'Strooss soll goen.

D’Conciliatioun um Ufank vum Mount war en Echec. Dowéinst wëll een och an den nächste Stonnen, maximal an den nächsten Deeg, eng Decisioun huelen, fir de Streik ze lancéieren, esou heescht et vun de Vertrieder vum OGBL.

An der Firma zu Diddeleng, wou eng 65 Persoune an der Fabrick schaffen, deit sech de Sozialkonflikt zanter dem Fréijoer un. Wärend d’Direktioun d’Paien ëm 0,3 Prozent erhéije wëll, fuerderen d’Vertrieder vun der Gewerkschaft op d’mannst 2,5 Prozent an dräi Deeg supplementäre Congé fir jiddereen. Well ee sech offensichtlech net eens gëtt, wäert e Streik kuerz virun der Dier stoen.

All d’Detailer zu dem méigleche Streik an der Situatioun bei Ampacet fannt der bei eise Kolleege vun RTL Infos

Back to Top
CIM LOGO