
Bal genau 5 Joer sinn et hier, datt d’Ana Lopes ermort ginn ass. Haaptugekloten am Prozess war hiren deemolegen Ex-Frënd. Am Appell gouf dësen elo zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. Domat gouf d’Urteel aus éischter Instanz confirméiert.
Nach um leschte Prozessdag am November zejoert sot den Ugekloten, hie wier onschëlleg. Hien hätt de Parquet, d’Partie civile an d’Police an dësem Prozess géint sech. D’Riichter konnt hien awer net vun dëser Onschold iwwerzeegen. Säin Alibi, datt hien an der Nuecht vum Mord Doheem bei sengen Eltere war a just kuerz mam Hond eraus gewiescht wier, war alles anescht ewéi waasserdicht. D’Wourecht géing sech einfach erzielen, mee wann ee se géing probéieren ze erfannen, da géing et komplizéiert ginn, sou d’Vertriederin vum Parquet, nodeems sech den Ugekloten ëmmer erëm a Widderspréch verstréckt hat.
Elo gouf hie verurteelt, seng deemools 25 Joer al Ex-Frëndin an Mamm vu sengem Kand am Januar 2017 ermort ze hunn. D’Läich huet hien a Frankräich an engem Auto, net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz verbrannt. D’Indizien hu vun Ufank u géint de jonke Mann geschwat. Zu Bouneweg, wou hien d’Ana Lopes iwwerfall huet, gouf e Kabelbinder fonnt, deen och an der Autosgarage benotzt gëtt, wou de Verurteelte geschafft huet. Dat trëfft och op e Rouleau Pechpabeier zou, deen op der Plaz fonnt ginn ass, wou den Auto verbrannt ginn ass.