Debat an der ChamberEt brauch méi Ënnerstëtzung fir d'Police

RTL Lëtzebuerg
D'Politik sollt e méi attraktive Kader fir de Beruff vum Polizist schafen.

Ausserdeem géing net genuch géint d’Kriminalitéit gemaach ginn, kritiséiert den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an engem Debat an der Chamber en Dënschdeg den Owend. Schrauwen un deenen een dréine kann, hunn all d’Deputéiert genannt. Ma wéi een de Problem an de Grëff kritt, do ginn et ënnerschiddlech Approchen.

D’Drogekriminalitéit, Jugendbanden oder nach ze vill Bürokratie. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet vill Themen an senger 30 Minutte laanger Ried ugeschwat a kritiséiert, dass d’Regierung vill Ressourcë fir de Militär am Ausland géing opbréngen,awer net genuch fir d’Police hei am Land.

D’Sécherheetsgefill op der Gare war och en Thema. Dozou sot d’Deputéiert vun Déi Lénk, d’Nathalie Oberweis, dass d’Problematik net sollt mëssbraucht ginn. Et wier vill Fangerspëtzegefill néideg, fir d’Froe ronderëm d’Police unzegoen, doriwwer sollt sech jidderee bewosst sinn. Ma déi Responsabilitéit géing si net ëmmer gesinn. Et wier deemno net eng Fro vu Bodycams oder méi strenge Gesetzer, déi all Problem kéint léisen.

Allgemeng ware sech d’Deputéiert awer eens, dass nei Erausfuerderungen op d’Police duerkommen an déi néideg Moyene mussen disponibel sinn. Den CSV-Deputéierte Léon Gloden huet sech fir méi Präventioun ausgeschwat, notamment am ëffentlechen Transport. Eng Police-Unitéit kéint wuel net an all Zuch a Bus sëtzen, ma op de sougenannten Hot-Spots kéint dat dem Léon Gloden no awer hëllefen. Dat wier schonn zanter laangem eng Fuerderung vun der CSV.

Eng Prioritéit fir d’CSV wier, dass méi Polizisten agestallt ginn. Aktuell géing een dovunner net vill gesinn. Dorop äntwert de Policeminister Henri Kox, dass 600 Recruten agestallt goufen. Nach wieren déi nei Polizisten net um Terrain aktiv, well d’Formatioun och seng Zäit dauert. Ma déi éischt géingen dëst Joer vereedegt ginn. An deem Rhythmus muss et och weidergoen, esou nach den Henri Kox. Déi gréng-Deputéiert Stéphanie Empain huet präziséiert, dass an alle Beräicher, wéi zum Beispill och an der Kandsmësshandlung, méi Policebeamte gebraucht géinge ginn.

D’Police eleng kann net all déi gesellschaftlech Problemer léisen, doranner ware sech déi Deputéiert eens, ma Defie wieren der awer genuch do.

Chamber Debat iwwert d’Police / Reportage Monica Camposeo

Back to Top
CIM LOGO