
"Wéineg Akzenter, wéineg Äntwerten a vill Froen" esou resuméiert d'Chambre des métiers de Staatsbudget 2020. D'grouss Chantiere sinn dem Direkter Tom Wirion no engersäits d'Steierreform mä och de Pakt Energie a Klima. Vue datt een de Contenu vum Klimapakt awer nach net kennt, weess een net, wat op een duerkënnt, mä méi Klimaschutz wäert et net zum Null-Tarif ginn, gouf um Freideg de Moie betount.

D'Chambre des métiers huet sech donieft och eng méi offensiv Approche gewënscht, wat de Logement ugeet. Mä e puer positiv Akzenter ginn et der Handwierkerkummer no dann awer och, an zwar am Beräich vun der Formatioun an der Educatioun, an och a puncto Digitalisatioun.
Der Handwierkskammer no ginn et grouss Chantieren, opgrond vun deenen een déi progressiv positiv Trajectoiren hannerfroe muss. Dofir d'Fro, wéi d'Staatsfinanze géifen ausgesinn, wann een deene Punkte géif Rechnung droen.
Tom Wirion:"Wier dann déi Trajectoire nach ëmmer sou positiv? Ech denken, och wann ee virsiichteg ass, dat ass ze bezweifelen!"
Den Avis vun der Chambre des Métiers wërft d'Fro op, wéi wäit d'Previsioune vun der Realitéit ewech leien. 2018 an 2019 wieren d'Ecarte grouss gewiescht, erënnert den Norry Dondelinger: "Beispill 2018: Do ass déi éischt Previsioun ausgaange vun engem Defizit vun 890 Milliounen. Gelant si mer herno bei engem Excedent vun 263 Milliounen Euro. Ass also en Ecart vun iwwert enger Milliard Euro."
D'Handwierkskammer bedauert dann, datt de Contenu vum nationale Klimapakt nach ëmmer net gewosst ass. Ma fest géing stoen, datt och deen en Impakt op de Budget wäert hunn. A puncto Klima feelt et der Chambre des métiers dann och u konkrete Mesurë fir d'Bierger an d'Betriber. Si hu konkret Proposen, zum Beispill Photovoltaique.
Gilles Reding: "Nei Aide-Instrumenter fir PMEe solle kreéiert ginn, déi virum allem och Batterië soll fërderen, fir d'Auto-Consommatioun ze stimuléieren."
De Projet vum Budget géing den Ambitioune vun der Regierung net gerecht ginn, sou de Gilles Reding: "De Staat kéint alternativ Offeren, déi einfach accessibel an abordabel wieren, zur Verfügung stellen, wann een de ganze Potential z.B. vum Klima- an Energiefong géif notzen."
Et bräicht een eng méi integréiert Strategie, fir global Problemer ze léisen, heescht eng besser Koordinatioun tëscht de staatlechen Instanzen, huet d'Handwierkskammer nach betount.