Jean Asselborn am RTL-Interview"Et geet mir ëm den Afghanistan an net ëm Éisträich"

Pit Everling
Nom Conseil vun den EU-Ausseministere weist sech de Jean Asselborn enttäuscht, wéi aner Länner d'Flüchtlingsfro gesinn.
EU-Ausseministeren zu Gymnich
Och nom Conseil vun den Ausseministere weist de Lëtzebuerger Diplomatiechef sech enttäuscht driwwer wéi aner Länner d'Flüchtlingsfro gesinn.

Mir ass et baang ëm meng Kanner an Enkele wann ech gesinn, datt Europa an der Flüchtlingsfro op eng Säit kippt, déi absolut net méi europäesch ass an déi un aner Zäiten erënnert.

Och nom Conseil vun den Ausseministere weist de Lëtzebuerger Diplomatiechef sech enttäuscht driwwer wéi aner Länner d'Flüchtlingsfro gesinn.

D'Ausseministere wiere soss méi weltoppe gewiescht wéi d'Inneminister. Ma och dat wier op der Kipp.

Eng ganz Partie Länner hätte sech um Conseil opposéiert, datt an der Ofschlosserklärung eng Resolutioun vum Sécherheetsrot zitéiert gëtt. Dorënner wieren Ungarn an Éisträich a besonnesch bei Éisträich géing dat wéi doen.

Et wier eng Schan, sou de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

Wéi soll den Dialog mat den Taliban ausgesinn?

Zesummenaarbecht wier op alle Fall dat falscht Wuert, esou de Jean Asselborn, et sollt ee vun operationelle Kontakter schwätzen.

Op alle Fall missten d'Taliban eng Rei Konditiounen anhalen. Leit déi wëllen eraus, musse raus kommen, Mënscherechter musse respektéiert ginn an Afghanistan däerf keen Trainingszenter fir Terroriste ginn.

Op alle Fall muss déi international Gemeinschaft elo mat den Nopeschlänner vum Afghanistan no Léisunge sichen an deenen och finanziell Ënnerstëtzung proposéieren.

De kompletten Interview mam Jean Asselborn

Back to Top
CIM LOGO