Dat sot den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot den Dënschdeg de Mëtten an der Chamber, an der Äntwert op eng Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar. Säi Ministère géing als Facilitateur antrieden an et géing och en industrielle Repreneur ginn, mat deem d’Gespréicher scho relativ wäit fortgeschratt wieren, awer nach net ofgeschloss. Dofir kéint hien zu dësem Zäitpunkt net an der Ëffentlechkeet méi am Detail doriwwer schwätzen.
“Wat ech Iech natierlech ka soen, dat ass, dass mer weiderhin, d’Regierung, mäi Ministère, weiderhin als Facilitateur hei antrieden an deem Dossier. Et ass eis dru geleeën, dass hei eng Léisung fonnt gëtt fir d’Pérennitéit vun där Aktivitéit hei zu Diddeleng. Wa méiglech, fir dat Wierk ze verkafen un e Repreneur industriel. Deen et effektiv gëtt, mat deem mer och an Diskussioun sinn, och scho wäit fortgeschratt sinn an der Diskussioun, mee wou et ebe bis elo nach net méiglech war, fir do eng Léisung ze fannen.”
Hie géing hoffen, datt eng Faillitte kéint verhënnert ginn, esou de Wirtschaftsminister. An den nächste Wochen a Méint géing sech weisen, ob eng Léisung fir de Site ka fonnt ginn. Méi e geneeën zäitleche Kader kéint hien net ginn.