RTL-Walkabinn zu Iechternach"Et gëtt vill versprach an näischt agehalen"

RTL Lëtzebuerg
Am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober hu mir d’Leit aus de véier Walbezierker zu Wuert komme gelooss.

An de véier Walbezierker ware mir ënnerwee, fir de Bols bei de Wieler ze fillen. Wat gefält hinnen zu Lëtzebuerg, wat net? A wat géife si änneren, wa se kéinten? Wat d’Leit am Osten ze soen hunn, wou et ëm 7 Sëtz geet, gesitt dir an der leschter Episod vun der Walkabinn, dës Kéier vun der Maartplaz zu Iechternach.

D'RTL-Walkabinn zu Iechternach
Am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober hu mir d’Leit aus de véier Walbezierker zu Wuert komme gelooss.

Walkabinn an der Stad

An der drëtter Episod steet de Walbezierk Zentrum am Fokus. Dee besteet aus de Kantoner Lëtzebuerg a Miersch. Hei hunn d’Wieler den 8. Oktober am Ganzen 21 Stëmmen ze verginn. Um Knuedler an der Stad hu mir eis Walkabinn positionéiert an d’Meenunge vun de Leit agefaangen.

D'RTL-Walkabinn an der Stad
Am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober hu mir d’Leit aus de véier Walbezierker zu Wuert komme gelooss.

Walkabinn Diddeleng

Nom Walbezierk Norden ass et elo un de Wieler a Wielerinnen aus dem Süden. Dëse Walbezierk besteet aus de Kantoner Esch-Uelzecht a Capellen, wou mat 23 Sëtz déi meeschten Deputéiert gewielt kënne ginn. Op der Gemengeplaz zu Diddeleng hu mir eis Walkabinn opgestallt a wollten ënnert anerem vun de Leit wëssen, wat si iwwer de Grand-Duché a seng Politik denken?

D'RTL-Walkabinn zu Diddeleng
Am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober hu mir d’Leit aus de véier Walbezierker zu Wuert komme gelooss.

Walkabinn Ettelbréck

Fir déi éischt Episod hu mir eis Walkabinn am Norden opgeriicht, méi genee an der Foussgängerzon zu Ettelbréck. Dëse Walbezierk besteet aus de Kantoner Dikrech, Réiden, Wolz, Clierf a Veianen. 9 Deputéiert kënnen hei gewielt ginn. Ma wéi eng Theme beschäftegen d’Populatioun? Ënnert anerem op déi Fro hunn d’Leit an der Walkabinn geäntwert.

D'RTL-Walkabinn zu Ettelbréck
Am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober hu mir d’Leit aus de véier Walbezierker zu Wuert komme gelooss.

Back to Top
CIM LOGO