CovidCheck an de Betriber"Et gi Kompromëss-Méiglechkeeten", sou de Gilles Dall’Agnol

RTL Lëtzebuerg
"Dat lescht Covidgesetz leet keng Sanktioune fest fir Fäll, wou e Salarié refuséiere géing, säi QR-Code ze weisen."
CovidCheck an de Betriber
"Et gi Kompromëss-Méiglechkeeten", sou de Gilles Dall’Agnol.

Gemengt ass de QR-Code, dee beleet, datt e geimpft, erëm gesond oder negativ getest ass. Dowéinst raisonéiert den Aarbechtsrechtler a generelle Prinzippien, sou de Gilles Dall’Agnol, Affekot a Spezialist am Aarbechtsrecht bei Allen & Overy am RTL-Interview.

Hien erkläert, datt et Sanktioune kënne ginn, wann een net op der Aarbecht opdaucht, obwuel een do erwaart ass. Déi Sanktioune gi vum Avertissement, iwwert d’Net-Bezuele vun der Pai bis hin zur Entloossung. De Gilles Dall’Agnol seet awer, et gi Kompromëssméiglechkeeten: E Beschäftegte kéint Congé huelen, e Patron kéint d’Tester bezuelen oder et gräift ee, sou wäit et méiglech ass, op den Télétravail zeréck. Natierlech kéint keng Partei awer gezwonge ginn. An de Betriber mat méi ewéi 150 Employée gëllt d’Matsproocherecht, trotzdeem hätten dem Gilles Dall’Agnol no déi meescht Patronen a Personaldelegéiert net decidéiert, e Katalog vu Sanktioune festzeleeën. Dat well all Situatioun anescht ass an net all Problem op déi selwecht Manéier ka geléist ginn. Bei méi klenge Betriber kéint de Patron zwar effektiv eleng decidéieren, mee de Gilles Dall’Agnol seet, et wier awer ganz schwéier fir e Patron, fir "komplett géint de Stroum ze schwammen". Donieft géing et de generelle Prinzip ginn am Droit, datt ee keen Abus vu senge Rechter dierf maachen.

De Fall vun der Mataarbechterin vun den Hopitaux Robert Schuman, déi entlooss gouf, well si de Covidcheck refuséiert huet, kennt de Gilles Dall’Agnol net. Allerdéngs widderhëlt den Affekot, datt bei enger "Absence injustifiée" den Employeur Sanktioune kann decidéieren. Mee hie freet: "Ass dann d’Licenciement déi appropriéierst Sanktioun oder ginn et net Sanktiounen, déi e bësse méi liicht sinn ewéi de Non-payement de salaire? Dat muss een dann au Cas par cas jugéieren", sou de Gilles Dall’Agnol.

De CovidCheck an de Betriber, dat war op jiddwer Fall de Sujet déi lescht Wochen, sou den Affekot. Opgrond vu senge Kontakter mat senge Cliente bei Allan and Overy wiere senger Meenung no d’Begeeschterung fir de Covidcheck awer "vläicht bësse manner grouss, ewéi een et sech hätt kënne virstellen".

Back to Top
CIM LOGO