ILREt ginn ëmmer méi Päck a manner Courrieren verschéckt

RTL Lëtzebuerg
D'Verschécke vu Päck geet weider konstant an d'Luucht, iwwerdeems d'Courrieren 2022 nach ee mol méi staark zréckgaange sinn.

D’Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut ILR huet e Méindeg d’Zuele vun de Postservicer vun 2022 publizéiert. Deemno goufen zejoert knapp 140 Millioune Bréiwer verschéckt, 8,5 Prozent manner wéi 2021. Päck goufen der méi wéi 16,5 Millioune verschéckt, eng Hausse vu 7,8 Prozent par Rapport zu 2021.

D’Colise maache mëttlerweil och 46 Prozent vum Chiffres d’affaires um Postmarché aus, deen 2022 liicht geklommen ass, dat ëm 1,1 Prozent op 194.24 Milliounen Euro. Méi wéi 2.000 Leit schaffen am Post-Secteur zu Lëtzebuerg, 62 Prozent vun den Aarbechtsplaze si bei der POST Luxembourg.

Back to Top
CIM LOGO