Pacte LogementEt ginn Inegalitéiten tëscht Gemengen a Promoteurs publics, esou de Marc Lies

Annick Goerens
De Logementsminister Henri Kox äntwert, dass d'Differenzen am neie Projet géife geännert ginn an da géif jiddereen d'selwecht behandelt ginn.

Den Accès zu abordabelem Wunnraum ass mat Ofstand nach ëmmer d‘Haaptsuerg vun de Lëtzebuerger. Dat geet ervir aus dem Politmonitor vun TNS-Ilres, dee jo dës Woch publizéiert gouf. En Donneschdeg war dann och de Logement Sujet vun enger Question élargie an der Chamber. Den CSV-Deputéierte Marc Lies huet drop opmierksam gemaach, dass et am Artikel 24 vum Pacte Logement 2.0 nach ëmmer Inegalitéite ginn tëscht de Gemengen an de Promoteurs publics.

Marc Lies:„Inegalitéiten heescht, dass wann effektiv subventionéiert Wunnenge gebaut ginn, dass d‘Gemengen aner Konditiounen do hunn, wéi dat beispillsweis bei promoteurs publics de Fall ass. Ech mengen, virun enger Rei vu Méint, am Juli, hu mer de Pacte Logement 2.0, wou et drëm gaangen ass, fir d'Gemenge verstäerkt mat an d'Boot ze huelen, wann et ëm den abordabele Wunnengsbau geet. An dat mécht eis awer extrem vill Suergen, wa mer sou ee Pacte stëmmen, wou d‘Gemenge sollen dozou opgefuerdert ginn, fir méi abordabel Wunnengen ze schafen, an da gesinn mer awer, dass dat an der Praxis guer net méiglech ass, well eng Gesetzgebung do besteet, déi dem absolut guer net Rechnung dréit.“

De Logementsminister Henri Kox betount, dass hie schonn an der leschter Logementskommissioun dem Deputéierte Marc Lies geäntwert hätt, dass dat sech an Zukunft wäert änneren.

„Jo, mir hunn déi Differenzen haut an dat wäert mat dem neie Projet geännert ginn. Mir wäerten nämlech eng Këscht maache vun all den Promoteurs sociales, dat sinn alleguer déi, déi abordabel Wunnenge kreéieren a 75 Prozent dofir kréien, wa se an d‘Abordabilitéit vun der Locatioun ginn. An da kréie se alleguer, tous confondus, 75 Prozent: d‘Gemengen, d‘Associatiounen, Fond du Logement, deen haut 70 Prozent kritt, d‘SNHBM, déi och haut 70 Prozent kritt. Dat heescht, mir wäerte se alleguer d‘selwecht behandelen.“

Den Artikel 24 soll ewechfalen. De entspriechenden Gesetzprojet soll an den nächsten 2 Wochen deposéiert ginn, sou nach den Henri Kox.

Back to Top
CIM LOGO