No Reform am RettungswiesenEt ginn nach vill Chantieren an Ongerechtegkeete beim CGDIS

Pierre Jans
D'Entwécklung vum CGDIS dierft och am Joer 2020 ëmmer erëm en Thema sinn.
© RTL Archiv

Virun 18 Méint gouf et déi grouss Reform am Rettungswiesen. A beim CGDIS ginn et nach ëmmer vill Chantieren an Ongerechtegkeeten. Dem Vizepresident vun der Pompjeesfederatioun Carlo Birscheidt säi Virwuert fir de Joreswiessel an der Zäitschrëft ''Lëtzebuerger Pompjee'' fält kritesch aus. Den Direkter vum CGDIS Paul Schroeder gëtt zou, dass et nach vill ze maache gëtt, bis all d'Zännrieder anenee gräifen. Op anonym Reprochë vu Favoritismus am Rettungswiese reagéiere béid Männer ënnerschiddlech.

Fir d'éischt awer zu der Kritik vun der Pompjeesfederatioun. Et ass eng differenzéiert, se stellt den haitege ''Corps grand-ducal d’incendie et de secours'' net u sech a Fro. De Vizepresident Carlo Birscheidt: "Déi Reform ass ze séier ëmgesat ginn. Et war net alles ganz iwwerluecht a vervollstännegt, ier et ëmgesat ginn ass."

Dat hätt och kee versprach gehat, kontert den Direkter vum CGDIS Paul Schroeder. D'Organisatioun vun de sëllege Corpse gouf zentraliséiert. De ''CGDIS-Portail'', en informatesche System fir d'Permanencen a Garden ze geréieren, wär effektiv nach net fäerdeg.

Wat de Carlo Birscheidt awer éischter kritiséiert, ass wéi d'Direktioun mat de Benevollen ëmgeet. De Gruef tëscht hinnen an de Beruffspompjeeë géif weider wuessen:''Si wëlle fir déi Fräiwëlleg Saache maachen, déi dann intern awer nees ëmgedréint ginn. Da kréie Leit net dee Respekt, deen se sollen hunn.''

Eng eenheetlech Indemnisatioun fir Benevoller gouf nach net fonnt. Déi nei Organisatioun vun de Graden hat fir Onzefriddenheete gesuergt. E schwierege Kompromëss, erënnert sech de Paul Schroeder: ''Zum Deel war dat eng Quadratur vum Krees. Bei sou vill Leit déi aus sou villen Unitéite stamen, jo, do kann ech novollzéien, dass do Leit vläicht net ëmmer zefridde sinn.''

RTL kritt reegelméisseg deels ganz kritesch Messagë vu Leit déi uginn, aus dem Rettungswiesen ze kommen, respektiv eppes dovun ze verstoen. An engem Message heescht et zum Beispill, de CGDIS géif vun Diddeleng aus gesteiert ginn, et géif just fir de Süden an den Zentrum geschafft ginn, den Norden an den Osten dogéint wären "d'Stéifkanner".

Dorop reagéiert de Vizepresident vun der Pompjeesfederatioun Carlo Birscheidt esou: ''Dat sinn elo Saachen, déi wëll ech elo net esou kommentéieren. Dat musst der elo verstoen, well soss kéint ech elo Saachen zielen, déi vläicht net ganz gutt wieren. Ech géif fir ganz vill Polemik suergen.''

De Paul Schroeder dogéint wërft all Reprochë vun der Zort zeréck: ''Dat do ass faktesch an noweisbar net richteg. Wann ech elo nëmmen eis Uschafungen huelen, déi am Moment um Lafe sinn mat den neien Ambulanzen an den neie Pompjeesween. Do hu mir gekuckt wou d'Besoine sinn. Do kommen elo genee esou Ween an den Norden an den Oste wéi och an den Zentrum an de Süden. Dofir kann ech dat doten als Ausso elo net deelen.''

D'Entwécklung vum CGDIS dierft also och am Joer 2020 ëmmer erëm en Thema sinn.

Back to Top
CIM LOGO