
Wéi dann op guichet.lu ze liesen ass, géif an der gefälschter Mail stoen, dass ee Sue vun der Steier zeréckkréie géif an, dass een dowéinst seng Kontosnummer misst uginn. D’Mail kënnt vun der Adress “guichet@comgouv.lu”, déi allerdéngs net vu guichet.lu géif genotzt ginn.

Och d’Police deelt e Freideg den Owend mat, dass een nach ëmmer SMSen oder Mailen, déi géife virginn, vun ëffentlechen Administratiounen, Banken oder vun der Post ze kommen, gemellt kréich.
Guichet.lu rifft och dozou op, besonnesch déi eeler Leit aus dem eegene Bekanntekrees virun dëse gefälschte Messagen ze warnen.