Paulette LenertEt gouf en Interessekonflikt beim Staatslaboratoire

RTL Lëtzebuerg
Dat confirméiert d‘Nach-Gesondheetsministesch Paulette Lenert. D‘Faite ginn op 2019 zeréck.

Deemools hat en externe Beroder un enger ëffentlecher Ausschreiwung matgeschriwwen a gläichzäiteg enger Entreprise gehollef, hir Offer fir de Marché public esou auszeschaffen, dass si den Optrag an Héicht vun 800.000 Euro um Enn och kritt huet. Dës Informatiounen hat eng Recherche vu Reporter.lu am Summer erginn.

Doropshi gouf et eng intern Enquête am LNS, déi d‘Informatioune vum Journalist confirméiert huet, wéi d‘Santésministesch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV schreift. De concernéierte Beroder hätt seng Kontakter zu där Firma vun Ufank u musse matdeelen, esou d‘Ministesch weider.

Zanter engem Joer géif den LNS dann och eng strukturéiert Kontroll zu méiglechen Interessekonflikter maachen.

Back to Top
CIM LOGO