RegierungEt goufen a gi keng Niewen-Accorden, fir u Vaccinen ze kommen

RTL Lëtzebuerg
Dernieft goung et an enger parlamentarescher Fro ëm d'Zuel vun de Vaccinen, déi Lëtzebuerg bestallt huet: Stand Méindeg wieren dat 2.025.683 Impfdosissen.

D'Regierung huet keng Kenntnis iwwer Niewen-Accorde fir Vaccinen ze kréien, also tëscht dem sougenannten „EU-Steering Board“ a Pharma-Firmen, wéi dat am Moment gemaach gëtt. D'Regierung huet och selwer keen esou een Accord eleng ouni d'EU getraff.

Dat äntwere Premier, Gesondheetsministesch an Ausseminister op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Kartheiser.

Dernieft goung et ëm d'Zuel vun de Vaccinen, déi Lëtzebuerg bestallt huet: Stand Méindeg (16.3.21) wieren dat 2.025.683 Impfdosissen. Domadder kéinten 1.237.205 Persoune geimpft ginn.

D'Dosisse sinn esou opgedeelt:

Pfizer/BioNTech : 813.368

AstraZeneca: 415.048

Curevac: 310.649*

Johnson&Johnson: 276.156

Moderna: 219.462

*De Curevac-Vaccin ass nach net vun der EU-Medikamentenagence Ema zougelooss.

Back to Top
CIM LOGO