CGFP, LCGB an OGBLEt goufen éischt Plaintë wéinst dem CovidCheck op der Aarbecht eragereecht

Claude Zeimetz
Eng Rei Mataarbechter, déi net konform zum 3G-System op der Schaff sinn, hätten antëscht grav Nodeeler.

Et goufen éischt Plainte viru Geriicht wéinst dem CovidCheck op der Aarbecht eragereecht, dat deelen déi dräi Gewerkschaften CGFP, OBGL an LCGB an engem Communiqué mat. D'Syndikater ënnerstëtzen déi Betraffen an erhoffe sech, datt d'Geriicht méi Kloerheet bréngt, wéi dat aktuellt Covidgesetz mat deem d'Regierung d'Responsabilitéit op deen Eenzelen ofwälzt hätt.

Plainte géint Covidcheck opAarbecht / Claude Zeimetz

CGFP, OGBL an LCGB hate vun Ufank un op déi onkloer Rechtslag higewisen, déi de CovidCheck op der Aarbecht géif matsechbréngen an effektiv géif et sou ausgesinn, wéi wann eng ganz Rei Privatbetriber dowéinst guer net op dee Wee gaange sinn, sou d'Gewerkschaften. Och beim Staat géife grouss Verwaltunge wéi d'Steierverwaltung oder och dat ganzt CNS-Gebai an der Stad respektiv den Enregistrement an d'Douane net drënner falen. An och an der ganzer Educatioun géif de System nëmme ganz punktuell applizéiert. Do wou beim Staat CovidCheck mécht, géif en awer ganz rigid an onflexibel applizéiert.

Eng Rei Mataarbechter, déi net konform zum 3G-System waren, hätten antëscht grave Nodeeler. De Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft Steve Heiliger "Mir hunn effektiv elo an der Fonction publique d'Situatioun sou, datt Leit ëmgedréit gi sinn, well se kee CovidCheck haten. Si sinn heem geschéckt ginn a si krute matgedeelt, datt dat deen Ament eng "absence injustifiée" wier, wat dann an der Fonction publique eng Affaire disciplinaire matsechbréngt. Wat am schlëmmste Fall zu enger Revocatioun kéint féieren. An dat wollte mer jo grad net hunn."

Verschidde Persounen hu wéi gesot dowéinst Plainte gemaach. Wéi vill dat wollt de Steve Heiliger net soen, huet awer zouginn, datt et keng Honnerte sinn. "Reklamatioune krute mer eng ganz Häerd. Ech menge fir deen, deen et trëfft, sinn et ëmmer 100%, dee spiert natierlech säint. Mä wéi vill Leit genee geklot hunn, dat wësse mer net. Déi Leit maachen dat "à titre individuel". Et kënnt jo och net jidderee bei seng Gewerkschaft. Mä wéi gesot, well mer effektiv och der Meenung sinn, datt et net iwwerall de Fall ass, datt et do wou et de Fall ass, ganz rigouréis applizéiert gëtt, hätte mer eis eigentlech dee ganze Misär kënne spueren, well d'Leit, déi betraff sinn, déi spieren hiert natierlech an déi hätten och gär eng Decisioun. Mir si lo keng honnerte Fäll bekannt, mä nach eng Kéier, et geet ëm deen Eenzelen an deen hätt gär Kloerheet."

An déi Kloerheet sollen d'Geriichter elo bréngen. Éischt Urteeler virum Référé kéinten an Zäit vun e puer Deeg scho gesprach ginn. Duerno wëllen d'Syndikater iwwert déi nächst Schrëtt beroden. Zwee juristesch Avisen, déi si an Optrag ginn hunn, sinn onofhängeg zur Konklusioun komm, datt dat lescht Covidgesetz, dat nach bis den 18. Dezember leeft, net mat anere Gesetzer iwwertenee stëmmt. Fir de Steve Heiliger vun der CGFP wier et all Zäit besser, et géif Ee wéi deen deen Anere behandelt ginn. Mat engem generelle CovidCheck-System géif een allzäit kloer wëssen, wou d'Responsabilitéit läit an da kéint och e ganz anere gesellschaftlechen Debat gefouert ginn.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO