PolicebulletinEt goufen nees eng Rei Abréch uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg hat d'Police et nees mat enger Rei Abriecher ze dinn, besonnesch an der Stad.

Géint 5.30 Auer krut d’Police en Abroch an enger Wunneng an der Rue Pierre Kohner um Cents gemellt. Zwee Männer waren hei mat Hëllef vun engem Gaardestull op de Balcon vum 1. Stack geklotert an d’Wunneng agedrongen, wou si Bijouen an e Laptop mathuele wollten. Si konnten op der Plaz vun der Police gestallt ginn. Nieft de geklaute Géigestänn, déi d’Täter an e Rucksak gestach haten, konnten d’Beamten ausserdeem e Messer, en Hummer a Pefferspray sécherstellen a saiséieren.

Nëmmen e puer honnert Meter vun der Wunneng fort, krut d’Police ausserdeem en Abroch an engem Scouts-Home an der Rue du Cents gemellt. Och hei waren zwee Abriecher an d’Gebai agedrongen, nodeems si eng Fënster futti gemaach haten. Wéi d’Police déi zwee Täter am Scouts-Home ugetraff hat, hate béid geschlof. Och si hu probéiert, eng Rei Géigestänn matzehuelen.

Souwuel d’Abriecher aus der Rue Pierre Kohner, wéi och déi aus dem Scouts-Home goufe festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.

E weideren Abroch um Cents gouf et an der Rue Follereau, wou e Vëlo vun der Mark “Cube” aus enger Garage geklaut gouf.

Am Nomëtteg géint 16.25 Auer krut d’Police en Abroch an engem Appartementshaus an der Rue Spierzelt zu Bartreng gemellt, wou eng Fënster ageschloe gouf.

Weider Abréch gouf et am Garer Quartier an der Rue André Duchscher, an der Rue de Hesperange zu Bouneweg an an der Rue Wurth Paquet. Geklaut goufe Bijouen, Schong a Poschen.

An och an der Rue de la Fontaine zu Téiteng koum et zu engem Abroch, hei gouf awer näischt matgeholl.

Back to Top
CIM LOGO