
“Wann de Plaiséier fir Saachen, déi ee gär mécht, op eemol net méi do ass, da soll een Hannerfroen, wisou dat esou ass. Dat wier en Zeechen, dass iergendeppes net méi stëmmt.”
Den Direkter vun der Ligue gëtt folgend Beispiller: “Vläicht huet een d’Tendenz méi ze consomméieren, Alkohol oder Zigaretten. Et gëtt ee beim Sport méi aggressiv. Anerer zéie sech méi zréck. Dat sinn alles Warnsignaler, wou ee sollt ufänken, virwëtzeg ze ginn.”
Sou blöd et klengt, wier och e Witz, deen een op eemol net méi witzeg fënnt, en Unzeechen, datt een net esou gutt drop ass. War ee soss eng Persoun, déi vill gelaacht huet, an een dat elo net méi ass, oder een och net méi esou gutt ësst, soll ee sech froe firwat, esou den Expert.
Och de Schlof wier ee Facteur, wou ee selwer kéint feststellen op een net méi esou mental a Form ass.
Wann ee mengt, datt et enger Persoun an der Famill oder Frëndeskrees net esou gutt geet, soll ee se och direkt uschwätzen. D’Warnsignaler, déi uewe beschriwwe si, kann een do am Bléck behalen.
“Wann een ee freet, fir mat erauszegoen, an een d’Äntwert kritt ‘ech si midd’. Brauch een dat bei enger oder zwou Kéieren net ze hannerfroen, ma kënnt ee guer net méi mat op den Tuer, dee soss ëmmer dobäi war, kann een do schonn nofroen”, esou de Psycholog.
Et soll een d’Leit awer net beurteelen, mä versichen, erauszefannen, wat lass ass. Geet et der Persoun wierklech guer net gutt, kéint ee sech och roueg trauen, d’Persoun ze encouragéieren, sech professionell Hëllef ze huelen. Zu Lëtzebuerg kann een och Éischthëllefscoursen fir d’mental Gesondheet maachen.
“D’Liewen ass en hin an hir. Do huet een och d’Recht emol e puer Deeg manner gutt gelaunt ze sinn. D’Liewen ass gemaach aus Héichten an Déiften, dat wësse mer alleguerten. Mir hunn all Dag Stress, op der Aarbecht, Stress an de Noriichten, Leit déi eis verloossen. An esou schwankt een tëscht schlecht gelaunt a gutt gelaunt. Mol e Weekend depressiv ze sinn dat huet jiddereen, dauert et méi wei eng, zwou Wochen, soll ee sech awer Hëllef huelen”, esou den Dr. Fränz D’Onghia.
Den Hausdokter géif een am Prinzip am beschte kennen, dofir wier de Generaliste déi éischt Ulafstell. Vill psychesch Erkrankunge kënnen och en organeschen Ursprong hunn, dofir muss een dat an éischter Linn ausschléissen. Bei Depressioune kann et och eng Ënnerfunktioun vun der Schilddrüs sinn, déi d’Krankheetsbild verursaacht.
Wann et keen organesche Problem ass, ass et gewéinlech ee psycheschen, da kann den Hausdokter ee bei de Psychotherapeut orientéieren, wat zanter dem 1. Februar vun der CNS rembourséiert gëtt. De Psycholog Fränz D’Onghia:
“Och do ass et den Ament net einfach, et ass net esou datt een haut urifft a muer e Rendezvous kritt. D’Accessibilitéit vun de Soinen huet sech net wierklech verbessert, mam Remboursement vun der Psychotherapie. Virdrun hunn d’Leit gewaart, well et ze deier war, a lo waarden d’Leit, well et eng enorme Demande gëtt. Et muss een 2 bis 3 Méint waarden.”
Et wier och wichteg, esou fréi wéi méiglech no Hëllef ze froen. Am Ufank ass e klenge Problem, méi einfach ze behiewen, wéi wann ee waart an eng schwéierfälleg Therapie duerno brauch. Fir de Psycholog vun der Ligue ass et net nëmmen en Avantage fir den Individuum, ma och en Virdeel fir de Gesondheetssystem, d’Waardezäite kéinten esou reduzéiert ginn.
Kanner a Jugendlecher kënne sech um Kanner- a Jugendtelefon um Nummer 116111 mellen.
Erwuessener kënnen op de Nummer 45 45 45 vun SOS Détresse uruffen.
En Iwwerbléck op d’Ulafstellen déi et zu Lëtzebuerg gëtt fënnt een um Internetsite: www.prevention-suicide.lu