
Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun der ADR ervir.
Virun zwee Joer waren d’Waardezäite scho laang, elo si se nach méi laang.
Am CHL léich d’Waardezäit bei ganzer 18 Méint, um Kierchbierg bei 10 Méint, zu Esch ëmmerhin nach bei 4,5 Méint an zu Ettelbréck bei 3,5 Méint.

Dat alles gëllt fir en normale Rendez-vous, wann den Dokter engem zum Beispill eng Mammographie recommandéiert.
Am nationale Preventiounprogramm fir Fraen iwwer 50 kënnt ee vill méi séier un d’Rei. Urgencen, wou et Symptomer ginn, kréichen och ëmmer e Rendez-vous bannent maximal zwou Wochen, preziséiert d’Ministesch.