Chamber iwwer Corona-Hëllefen"Et kascht, wat et kascht" gëtt net ëmgesat, esou de Marc Spautz

RTL Lëtzebuerg
D'Chamber ass sech eens, datt de Betriber muss gehollef ginn. An awer koum vill Kritik vun der Oppositioun un den aktuelle Gesetzestexter.
Covid-Aiden
Direkt 3 Gesetzestexter goufen den Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber gestëmmt, fir de Betriber am Kontext vun der Corona-Pandemie ënnert d'Äerm ze gräifen.

De Betriber muss gehollef ginn! Doriwwer war ee sech en Donneschdeg an der Chamber eens, wou direkt 3 Gesetzestexter gestëmmt goufen, déi den Entreprisen am Kontext vun der Pandemie ënnert d'Äerm gräife sollen. Eng Kompensatioun vun der Erhéijung vum Mindestloun fir d'Entreprisen, eng Direkthëllef an d'Verlängerung vum Fonds de relance goufen an der Chamber ugeholl. An awer goufen et op verschidde Punkten Diskussiounen.

Chamber iwwer Corona-Aiden / Reportage Claudia Kollwelter

Bei den Direkthëllefen an dem Fonds de relance si virun allem den Horesca, Tourismus an Evenementiel viséiert. Béid sinn net remboursabel a steierfräi a mussen all Mount vum Betrib ugefrot ginn. De Betrib muss awer tëscht där enger an där anerer Aide wielen. D'Direkthëllefen hunn dann natierlech och e Plaffong, wéi den DP-Deputéierten a Rapporteur Guy Arendt erkläert.

Fir Mikro-Entreprise läit dee bei 20.000 Euro de Mount, fir kleng Entreprisen sinn et 100.000 Euro a fir mëttel oder grouss Entreprisen ass d'Limitt 200.000 Euro.

Eng Mëttel oder grouss Entreprise kann also am ganzen 1 Millioun Euro fir d'Méint November bis Mäerz ausbezuelt kréien. D'CSV huet verlaangt, datt dee Plaffong op 3 Milliounen eropgesat gëtt. De Marc Spautz huet kritiséiert, datt d'Aiden allgemeng net wäit genuch ginn.

Ech briechen hei eng Lanz fir d'Restauranten, dat se 100% solle kréien, wann d'Regierung decidéiert, datt de Restaurant zou ass. An et war den Här Bettel, dee viru 6 Méint hei op der Tribün sot: Et kascht wat et kascht! Wann een dat seet, muss een dat och an Dot ëmsetzen, an dat gëtt hei net gemaach.

Déi Lénk sinn am Prinzip net géint d'Hëllefen, mä vermëssen, datt an den Texter näischt iwwert de "maintien à l'emploi" ze fannen ass. Den Hëllefsregimm hätt dem Marc Baum no e batteren Nogeschmaach fir d'Salariéeën:

Wier et ze vill verlaangt gewiescht, datt d'Betriber sech dozou verflichten, wärend der Period, wou se direkt Staatssubventiounen, déi net remboursabel sinn, an Usproch huelen, keng Mataarbechter entloossen? Dat wier net ze vill verlaangt gewiescht!

Donieft huet den Deputéierte vun déi Lénk betount, datt et schwéier wier, den Iwwerbléck iwwert déi verschidden Aiden ze halen. Virun allem fir kleng Betriber misst d'Regierung eng proaktiv Informatiounspolitik maachen an d'Leit souzesoe bei der Hand huelen, fir se op hir ënnerschiddlech Méiglechkeeten opmierksam ze maachen.

Just déi Betriber, déi duerch d'Corona-Kris a Schwieregkeete gerode sinn, kënne vun dëser Hëllef profitéieren. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet betount, datt een an den Ae vu senger Partei misst kucken, datt sou mann wéi méiglech Betriber missten zoumaachen.

"Dat gräift zu engem grousse Mooss an d'ekonomescht Liewen an. An et wier fir eis selbstverständlech, datt wéinstens fir d'Dauer vun de Mesuren eng Kompensatioun virgesi wier, dat wier nëmmen normal."

De Fernand Kartheiser

Der ADR no ass d'Gesetz net generéis genuch. Si hunn den Text awer matgestëmmt, well dem Fernanrd Kartheiser no all Mesure, déi de Betriber hëlleft, misst ënnerstëtzt ginn. 2 weider Gesetzestexter goufen den Donneschdeg de Mëtteg gestëmmt. Engersäits eng Direkthëllef an anersäits d'Verlängerung vum Fond de relance. Allebéid viséiere virun allem den Horesca, Tourismus an Evenementiel. Béid sinn net remboursabel a steierfräi, mussen all Mount vum Betrib ugefrot ginn a sinn net cumulable.

Erhéijung vum Mindestloun: Kompensatioun fir Betriber

Direkt 3 Gesetzestexter goufen den Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber gestëmmt, fir de Betriber am Kontext vun der Corona-Pandemie ënnert d'Äerm ze gräifen. Dorënner eng Kompensatioun vun der Erhéijung vum Mindestloun fir d'Entreprisen. Dee wäert jo op den 1. Januar ëm 2,8% an d'Luucht goen.

"E Betrib kritt steierfräi 500 Euro pro Vollzäit-Salarié, dee virum 31.12.2020 agestallt gouf an eng Remuneratioun huet, déi méi héich oder d'selwecht ass wéi de Mindestloun a méi kleng oder nämmlecht wéi de qualifizéierte Mindestloun ass. All Salarié, deen "en activité" ass, gëtt consideréiert. Dat schléisst net déi aus, déi an engem Krankeschäi sinn, just déi, déi an engem chômage partiel sinn, ginn net consideréiert.", esou d'Rapportrice Carole Hartmann.

D'Carole Hartmann

 

Back to Top
CIM LOGO