
Et kéint net sinn, dass all 5. Avertissement Taxé net géif bezuelt ginn an datt doduerch 14 Milliounen Euro „duerch d'Päif" gaange wieren, sou d'Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC an d'Associatioun vun de Gemengenagenten ASAM.
Et misst een e System vun enger Amende forfaitaire aféieren, dat heescht, datt een déi duebel Geldstrof misst bezuelen, wann een net bannent 45 Deeg bezilt. Iwwerdeems misst den Agent Municipal d'Méiglechkeet kréien, den Auto z'immobiliséieren oder, wann néideg, ofschleefen ze loosse bei systemateschen Abusen.
RTL NEWS: Vun 20 Milliounen Euro goufen der 6,4 Milliounen agedriwwen