
Dat äntwert d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen, dee sech iwwer d’Sproochekenntnisser vun de Kontroll-Medezinner wollt renseignéieren.
De Revenu vun de genannten Doktere wier manner héich wéi dee vun de liberale Medezinner dee via d’Nomenclature gereegelt ass, gëtt d’Ministesch weider ze verstoen. Dofir géing quasi kee Lëtzebuerger Dokter méi beim CMSS a global beim Staat postuléieren.
Den auslänneschen Doktere géing ee Sproochecoursen am Lëtzebuergeschen ubidden an et géing versicht ginn, eventuell Sproochebarrièren sou gutt et geet aus dem Wee ze raumen. Et géif och mat Iwwersetzer geschafft ginn.