Dr. Isabel de la FuenteEt sinn nëmme ganz wéineg Kanner wéinst dem Covid-19 hospitaliséiert

Lynn Cruchten
Dat seet d'Dokter Isabel de la Fuente aus der Kannerklinik, wou am Prinzip Jonker bis 15 Joer opgeholl ginn.
Nëmme wéineg Kanner wéinst Covid-19 hospitaliséiert
Dat seet d'Dokter Isabel de la Fuente aus der Kannerklinik, wou am Prinzip Jonker bis 15 Joer opgeholl ginn.

Der Doktesch no ginn alt emol Puppelcher mat Covid-19 hospitaliséiert, well se méi Féiwer géife maachen. Am Groussen a Ganze géif et awer wéineg Problemer wéinst dem Virus bei de Kanner ginn.

Wat ee par konter géing feststellen, dat wier, datt d'Eltere mat anere Gesondheetsproblemer bei hire Kanner méi oder souguer ze spéit géife bei en Dokter goen.

Wat der Dokter de la Fuente nach opgefall ass, dat ass, datt et an de leschte Wochen a Méint méi psychologesch respektiv psychiatresch Problemer bei Kanner gouf.

An der Kannerklinik hätt een zum Beispill méi Hospitalisatioune wéinst Angschtzoustänn gehat a souguer wéinst Suiciden.

Back to Top
CIM LOGO