
Dat géif duergoen an d'Beschëllegt sollt net méi Sursis kréien. D'Strof aus 1. Instanz wär dofir ze confirméieren, an d'Riichter sollten net dorënner goen.
Dat huet d'Vertriederin vum Parquet général e Méindeg am Appelprozess géint eng Fra gefuerdert, déi sech op en Neits wéinst Doudschlag ze veräntweren hat. Am Abrëll war si dowéinst um Stater Geriicht zu 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis probatoire, verurteelt ginn.
D'Fra hat am Februar 2015 hire Mann zu Mäertert 3mol mat engem Messer gepickt. Méi dacks war et an der Koppel zu Gewalt komm; viru knapp 5 Joer war dunn déi zolidd kierperlech Ausenanersetzung, un där hirem Enn de Mann am Spidol gestuerwen ass.
Si hätt hien net wëllen ëmbréngen, mä sech just gewiert, well si an enger Noutsituatioun gewiescht wär, huet d'Ugekloten e Méindeg gemengt. Op deem fatalen Owend wär si mam spéideren Affer an enger anerer Fra heemgaangen, well si Angscht virun him gehat hätt; bis heem wär dann och alles roueg verlaf. An der Kichen hätt hie si du vernannt, si wär schlofe gaangen, awer vun him waakreg gemaach ginn; doropshin hätt hie si mat den Hoer gezunn, et wär queesch duerch d'Haus zu Schléi komm, ier hie gesot hätt, elo wär si drun. Hien hätt si du gewiergt an net opgehalen; si hätt du wuel zu engem Messer gegraff an hie gepickt. Och hirer neier Affekotin no louche Coupen an Noutwier vun der Fra vir, aus Angscht ëm hiert Liewen, sou d'Me Leidner, fir déi d'Cliente vum Virworf vum Doudschlag fräizesprieche wär.
Dass d'Fra deemools Angscht hat, wollt d'Vertriederin vum Parquet général net gëlle loossen: Si an de Mann hätten nämlech am Laf vum Owend unenee gehaangen. Et wär net kontestéiert, dass d'Affer d'Beschëllegt geschloen hätt; um Enn wär de Mann awer mat 3 Messerstéch dout gemaach ginn. Der Fra hir Versioun géif net stëmmen, an de Mann hätt d'Attack mam Messer net komme gesinn, well hie wär am Gank erstach ginn, an zwar net an Noutwier. D'Fra wär rose gewiescht a jalous, hätt de Mann wëllen ëmbréngen, aus puerem Haass a puerer Revanche; deemno hätten déi 1. Riichter zu Recht den Doudschlag zréckbehalen.
D'Appellsuerteel gëtt den 12. Februar gesprach.