
An der parlamentarescher Institutiounekommissioun huet den CSV-Deputéierte Léon Gloden e Méindeg d'Kapitel Justiz presentéiert. Den Haaptpunkt ass d'Aféierung vun engem Conseil National de la Justice: "Et ass e grousse Schrëtt. Et gëtt déi éischte Kéier en Organ an der Justiz, deen net just vu Riichter besat ass. Et sinn och Affekoten a Leit aus der Zivilgesellschaft vertrueden. Et geet ëm generell Verbesserungsvirschléi fir d'Justiz oder wa gemengt gëtt, datt d'Justiz eng generell Tendenz zu enger Säit hätt. De Conseil kritt och e Recht an den Nominatioune vun de Riichter."
Den neie Conseil däerf saiséieren, mä net spriechen. Datt de Parquet als „indépendant“ soll beschriwwe ginn, gouf fale gelooss. An der Revisiouns-Propositioun 6030 stoung dat nach esou dran. De Parquet wier keng Juridictioun an hätt ëmmer ee Client an zwar de Staat, sou d'Argument.
D'Sitzung en Dënschdeg war iwwregens och d'Geleeënheet, fir sech mam véierten Avis complémentaire vum Staatsrot ze befaassen, dee rezent koum.
Den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo, Präsident vun der Institutioune-Kommmissioun, schwätzt vu konstruktive Gespréicher an der Kommissioun, bei deenen ee gutt viru kéim: "T'ass eng gutt Stëmmung, sou wéi dat sech fir eng Verfassungsrevisioun passt. Ech mengen et huet jidderee verstanen, datt mer keen Droit à l'échec méi hunn. Mir bréngen deen Zuch entweder elo an d'Gare oder et ass eis net méi ze hëllefen."
De Volet Justiz soll elo finaliséiert ginn. Dono kommen d'Institutiounen un d'Rei. De Mars di Bartolomeo hofft, datt déi verschidde Kapitele bis d'Summervakanz fäerdeg gestréckt sinn, fir datt et dono op déi nächst Etappe ka goen.