
200 nei Poliziste fänken d’nächst Joer hir Formatioun un. Déi nämmlecht Zuel gëtt sech 2024 erwaart. Dëst Opstocke vum Personal dominéiert de Budget vun der bannenzeger Sécherheet, deen e Méindeg an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert gouf.
6 Milliounen Euro iwwer 5 Joer si geplangt fir déi sougenannte Body-Cams, Kameraen, mat deenen d’Policebeamten an Zukunft sollen equipéiert ginn. En entspriechend Gesetz ass jo an der Maach.