MindestlounerhéijungEt wier eng Première, wann d'UEL déi net kritiséiert hätt, esou den Dan Kersch

Pit Everling
Patronats- a Salariatsvertrieder sinn dëser Deeg uneneegeroden, déi Kéier geet et ëm déi annoncéiert Erhéijung vum Mindestloun.

Patronats- a Salariatsvertrieder sinn dëser Deeg uneneegeroden, déi Kéier geet et ëm déi annoncéiert Erhéijung vum Mindestloun.
D'Unioun vun den Entreprisë fënnt déi Hausse vun 2,8% net ubruecht a schwätzt vun ze héije Méikäschte fir d'Patronen.

D'Gewerkschaften OGBL an LCGB soe sech an engem gemeinsame Communiqué entsat a schwätze vun enger skandaléiser Attack op déi Leit, déi de Mindestloun verdéngen, an dat grad elo an Zäite vun der Pandemie.

Extrait Nora Back

D'OGBL-Presidentin Nora Back: Ëmmer wann déi periodesch Upassung kënnt, kommen Attacke vun der UEL. An dësen Zäiten ass et nach méi skandaléis a méi eng Frechheet. A concernéierte Secteurë krute grad elo an der Covid-Kris Leit applaudéiert an et gouf gesot, si wieren d'Helden, well se weider funktionéiert hunn. A grad deenen dann ze soen, de Mindestloun wier ze héich, dat ass eng riseg Frechheet.

Wéi ass de Mindestloun déi lescht Joren a Joerzéngten evoluéiert? Déi Rechnungen, déi d'Patronat géing presentéieren, wieren op alle Fall falsch, hei géing alles an en Dëppe gehäit ginn, seet d'OGBL-Cheffin. Déi annoncéiert Hausse wier virgesi gewiescht a si stéing deene Salariéen och zou.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch seet dozou, datt all déi aner Salariéë schonn 2018 an 2019 bäikruten, an datt dat eben elo och op de Mindestloun misst drop gerechent ginn. Allgemeng wéilt hie sech awer aus der Diskussioun eraushalen.

Dan Kersch:Ech wëll dat net kommentéieren, do muss jiddereen seng Verantwortung iwwerhuelen. Fir eis war et en Acte vu sozialer Gerechtegkeet. Et ass net fir d'éischt, dass mer eng Mindestlounerhéijung maachen. Et wier awer fir d'éischt, datt dat net vun der UEL kritiséiert gi wier. Ech huelen dat mat der néideger Geloossenheet zur Kenntnis a si frou, datt mer awer hei Weeër fannen, wou d'Regierung souwuel sozial wéi och ekonomesch Verantwortung iwwerhëlt.

Den Dan Kersch

Ekonomesch Verantwortung, well parallel en anere Projet op den Instanzewee geschéckt géing ginn, esou den Dan Kersch weider. Hei kréiche Betriber, déi am Mindestloun-Beräich schaffen, eng extra Hëllef an zwar an Héicht vu 500€ pro Salarié.

Och duerch de chômage partiel géingen d'Entreprisë manner belaascht ginn, och dat sollt een net vergiessen an der ganzer Diskussioun, sou nach den Aarbechtsminister Kersch.

D'Relatioun tëscht Patronat a Gewerkschafte kann de Moment als relativ schlecht beschriwwe ginn. Beim OGBL wier een erstaunt, well een et dëst Joer eigentlech hikritt gehat hätt, fir e respektvollen Dialog op d'Been ze stellen. Dofir wier een ëmsou iwwerrascht, datt lo vum Patronat sou frontal Attacke kéimen.

Back to Top
CIM LOGO