
Dat ass deen ominéisen Militärsatellit, dee méi wéi duebel sou deier wäert ginn, wéi initial geplangt.
Do ginn et jo verschidde Reprochen, dass de Projet bewosst falsch chiffréiert gi wier, bis hin zu Käschten, déi carrement virenthalen gi wieren.
Den deemools zoustännege Minister Schneider gouf dofir an d’Kommissioun invitéiert, fir Detailer ze liwweren.