Parquet deelt mat"Europe’s most wanted fugitives" Davit Kuzmyn gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi et am Communiqué vum Parquet de Luxembourg heescht, wier de Mann, géint deen zu Lëtzebuerg e Mandat d'arrêt virläit, a Georgien gefaasst ginn.
© EU Most wanted

Den Davit Kuzmyn gëllt als wichteg Persoun vun engem kriminelle Grupp, deen am Joer 2019 zu Lëtzebuerg gréisstendeels deier Autoe geklaut huet, dat mat der Keyless-Go-Method. Hei war et jo zu enger reegelrechter Serie vun Déifställ komm, bei deene virun allem Luxusautoe viséiert waren.

Hei gouf eng Method benotzt, mat där e Feeler beim Funk-Schlëssel ausgenotzt gëtt, fir den Auto ze klauen. Net nëmme kann ee mat dëser Method den Auto opmaachen, mee och automatesch umaachen. Geklaut goufen deemools Autoen an der Stad, zu Dippech, Keel, Bartreng, Rodange, um Briddel an zu Mamer.

De Mann, deen zënter 2020 zu de meeschtgesichte Persounen an Europa gehéiert a géint deen zu Lëtzebuerg e Mandat d'arrêt virläit, gouf elo a Georgien festgeholl, esou de Parquet an engem Schreiwes.

D'Verhaftung vum Kuzmyn gouf opgrond vun enger gudder Kooperatioun tëscht de georgeschen Autoritéiten an der "Cellule Recherche Fugitifs" vun der Lëtzebuerger Police duerchgefouert.

Den Davit Kuzmyn géif dann och elo ausgeliwwert ginn. Konkret gëtt der Persoun Verbindung mat kriminelle Geschäfter, d'Bedeelegung un enger krimineller Organisatioun an den Handel vu geklauten Autoe virgeworf.

Schreiwes vum Parquet

Communiqué de presse du parquet de Luxembourg en relation avec l’arrestation d’un « Europe’s most wanted fugitives »

(01.03.2021) 

Une des personnes recherchées dans le cadre d'une vaste série de vols de voitures fin 2019 au Grand-Duché de Luxembourg, a pu être arrêtée en Géorgie.

Davit KUZMYN, qui se trouvait également sur la liste « Europe’s most wanted fugitives », a été arrêté sur base d'un mandat d'arrêt émis par un juge d'instruction à Luxembourg.

L'arrestation a pu se faire grâce à la bonne coopération entre les autorités compétentes en Géorgie et la Cellule Recherche Fugitifs de la Police grand-ducale ainsi que de la Section répression grand banditisme (Capitale).

La procédure d'extradition est en cours.

Back to Top
CIM LOGO