
Fir d’éischte Kéier an der Geschicht ginn d’EuroSkills - de gréissten Event an Europa, bei deem sech déi Bescht vun deene Beschte vun der Jugend aus alle Beruffssparte matenee moossen – vun zwou Natiounen ausgedroen.
150.000 Visiteuren an 800 Nowuessprofessioneller gi fir dësen Event am September 2027 zu Düsseldorf erwaart.
Fir de Stellewäert an d’Villfalt vun der Beruffsausbildung an d’Vitrinn ze stellen, sollen nieft dem Event selwer am Virfeld innovativ Projeten a Lëtzebuerg a grenziwwerschreidend mat Däitschland organiséiert ginn.
Et ass de gréissten Event vun der berufflecher Ausbildung an Europa: d’EuroSkills. Bei den EuroSkills komme Professioneller aus dem europäesche Raum zesummen, fir hir Kompetenzen a Skills an hire jeeweilege Beruffer ënner Beweis ze stellen an déi Bescht vun deene Beschten ze ginn. Am September 2027 wäert Düsseldorf dëse groussen Event ausdroen.
Heifir hunn Däitschland a Lëtzebuerg mat de béiden Organisatioune WorldSkills Germany a WorldSkills Luxembourg fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun den EuroSkills eng gemeinsam Kandidatur ofginn. Um Donneschdeg hu béid Natiounen op der Generalversammlung vun der europäescher Daachorganisatioun WorldSkills Europe de Memberlänner hire Projet vun der Organisatioun vun der EM vun de Beruffer virgestallt. Engersäits ginn am Virfeld scho grenziwwergräifend Projeten an der Beruffsorientéierung an der Aus- an Weiderbildung realiséiert, anerersäits ginn der Ëffentlechkeet spannend Haaptkompetitiounen zu Düsseldorf gebueden.
D‘Memberlänner vum Daachverband hu sech no der Virstellung vum Projet unanime fir déi zwee Länner ausgeschwat.
De Chef de mission vum Projet EuroSkills 2027 Luc Belling an techneschen Delegéierte vu WorldSkills Luxembourg huet sech erliichtert gewisen, datt de Projet esou gutt opgeholl gouf. Gläichzäiteg weess hien awer, datt elo déi richteg Virbereedung an Aarbecht fir dëse grousse Projet ugeet.
D’Organisateure vun den EuroSkills 2027 rechne mat ongeféier 800 Participanten. Dës Participantë kommen aus villen europäesche Länner a wäerten an iwwer 50 verschiddene Beruffer géinteneen untrieden an hir Skills ënner Beweis stellen. Et gëtt mat 150.000 Visiteure wärend 3 Deeg gerechent, déi dës Meeschterschafte live wäerte verfollegen.
D’Véronique Schaber, Directrice vun der Beruffsausbildung freet sech, datt esou ee groussen Event, deen d’Beruffswelt an -Ausbildung an de Fokus stellt, mat vu Lëtzebuerg organiséiert wäert ginn. Et wier eng eemoleg Chance, fir all déi positiv Aspekter vun der Beruffsausbildung ze weisen an et als bewossten Ausbilungschoix an d’Vitrinn ze stellen. Fir d’Beruffsausbildung wier et wichteg, esou eng Promotioun ze maachen; dëst mat ville motivéierten Nowuesstalenter aus ganz Europa.
Säit 2008 ginn all zwee Joer d’Europameeschterschafte vun de Beruffer organiséiert. Déi lescht EuroSkills-Meeschterschafte sinn am September 2021 zu Graz an Éisträich ausgedroe ginn.
Dës Europameeschterschafte sinn aus Lëtzebuerger Siicht nach a beschter Erënnerung, well Lëtzebuerg deemools am Entrepreneurship Business Development Challenge eng Bronzemedaile gewonnen hat.
Andréck a Reportagen vun dësem Event goufen och all Dag op RTL gedeelt.