No déidlechem VerkéiersaccidentEventuell Zeie si gebieden, sech bei der Police ze mellen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war e 26 Joer alen Automobilist bei engem Accident op der Streck tëscht Gräisch an Tënte gestuerwen.
© Domingos Oliveira

De Mann hat hei um 12.30 Auer Mëttes, aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach, mat sengem Auto e Bam ze pake kritt.

Eventuell Zeie vum Accident si gebieden, sech beim Policekommissariat vu Capellen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 30 1000.

Back to Top
CIM LOGO