
Dem fréieren CSV-Aarbechts- a Sportsminister seng Nominatioun gouf e Méindeg am Memorial publizéiert. De Georges Mischo, dee viru senger politescher Karriär Turnproff war, ass net deen eenzegen Ex-Minister, dee Premier Conseiller de gouvernement gemaach gëtt, nodeems hien d’Regierung verléisst. Och aner fréier Fonctionnairen, wéi d’Paulette Lenert, de Claude Wiseler oder d’Octavie Modert, goufen als Premier Conseiller nominéiert, nodeems si hiert Ministermandat verluer haten.
De Georges Mischo hat Ufank Dezember als Aarbechts- a Sportminister demissionéiert, nodeems hie wéinst dem Dossier “Sportsmusée” an d’Kritik komm war. D’Martine Hansen huet de Sportsministère iwwerholl, wärend de Marc Spautz neien Aarbechtsminister ginn ass.