DéifferdengEx-Partner brécht a Wunneng an a verbarrikadéiert sech mat engem Messer

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg huet d'Police mussen zu Déifferdeng an den Asaz, nodeems en alkoholiséierte Mann do fir Onrou gesuergt huet.
D'Police huet Tréinegas agesat, fir de Mann mam Messer verhaften ze kënnen.
D’Police huet Tréinegas agesat, fir de Mann mam Messer verhaften ze kënnen.
© Shutterstock

Et koumen divers Meldunge bei der Police eran, dass e Mann op der Strooss géif jäizen, oder e Mann dee géif widder eng Wunnengsdier géif hummeren an d’Nuetsrou stéieren.

Nach wärend d’Polizisten um Wee dohinner waren, koum d’Meldung, dass de Mann eng Terrassendier ageschloen hätt an an eng Wunneng agebrach wier.

Op der Plaz ukomm gouf séier festgestallt, dass et sech beim Mann ëm den Ex-Partner gehandelt huet, dee sech mëttlerweil mat engem Messer an engem Zëmmer agespaart hat.

Et gouf Verstäerkung ugefuerdert an d’Leit aus der Wunneng goufen a Sécherheet bruecht.

Duerno hunn d’Beamten sech Zougang zum Zëmmer verschaaft, an deem sech de Mann mam Messer agespaart hat. En hat dat nach ëmmer an der Hand, wouduerch d’Police du Pefferspray agesat huet. De Mann huet sech just kuerz gewiert, konnt dunn awer an Handschellen ofgefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO