Duebelmord Schléiwenhaff/Fräiheetsbam„Fäert d'Zeien, fir op Froen z'äntweren?"

RTL Lëtzebuerg
No enger Ënnerbriechung vun 11 Deeg ass en Dënschdeg um Stater Geriicht de Prozess géint zwee Männer wéinst dem Duebelmord am November 2016 virugaangen.
© RTL Archiv

En Dënschdeg de Moie goufe virun allem nei Zeie gehéiert, déi no der Depositioun vun der Mamm vum Haaptbeschëllegte bei d'Déifferdenger Police gaangen ass. Am Zesummenhank mam Prozess hat d'Fra op der Facebook-Säit vun RTL e Kommentar geschriwwen. Doropshin hätt eng Persoun hir perséinlech geäntwert an - an hiren Aen - Undeitunge gemaach.

Geriicht Duebelmord 5.11.19

D'Aussoe vun der Fra, wann der da koumen, hunn de Vertrieder vum Parquet net iwwerzeegt. Hien hätt d'Fra op d'Geriicht komme gelooss, well si viru knapp zwou Wochen op de Policebüro goung. D'Fra hätt awer hir eege Meenung an d'Welt gesat, respektiv en Amalgame gemaach mat den Aussoe vun där anerer Persoun, soudass hien dogéint wär, déi Persoun ze héieren. Et wär nämlech näischt an den Aussoe vun der Fra. De Me Rosario Grasso, Affekot vum Haaptbeschëllegten, huet dogéint gefrot, dass déi aner Persoun als Zeie sollt gehéiert ginn. D'Presidentin vum Geriicht ass där Demande no enger Ënnerbriechung nokomm, soudass déi Persoun e Mëttwoch de Mëtteg aussoe soll.

Am Verlaf vun der Depositioun vun der Fra huet d'Riichterin si gefrot, ob si an der Lescht mat engem vun der Famill vum Haaptbeschëllegte Kontakt gehat hätt. Mat der Schwëster a mat der Mamm, huet d'Fra geäntwert. „Erëm eng Kéier d'Mamm!?", huet d'Presidentin vum Geriicht gemengt, fir nozefroen, ob d'Fra gesot kritt hätt, wat si soe sollt. "Nee" war d'Äntwert dorop. Op d'Fro hi vun der Riichterin, firwat d'Fra bei d'Police goung, koum eng laang Zäit näischt, ier d'Fra gefrot huet, ob si mat hirer Affekotin schwätze kéint. Ma och no där Paus blouf si stomm. „Fäert d'Zeien, fir op Froen z'äntweren?", wollt de Me Rosario Grasso doropshi wëssen. Jo, sot d'Fra, well si hätt e Méindeg den Owend vun engem Onbekannten ugeruff a gesot kritt, si sollt oppassen, wat si soe géif. Iwwert déi zwou Dote selwer wousst si dogéint näischt.

Um Enn vun der Sëtzung gouf dunn nach de Video vun der Depositioun vum Haaptbeschëllegte bei der Rekonstitutioun vun der 1. Dot gewisen. Dëse Prozess geet e Mëttwoch de Mëtteg virun.

Back to Top
CIM LOGO