Politesch kënnt d'Resistenz virun allem aus der Gemeng Beetebuerg. Vun do aus goung e Méindeg de Mëtteg och den Avis mat alle Bedenken an d'Stad, an den Ëmweltministère. Nieft der éischter Schäffe Josée Lorsché mellt sech mam Gusty Graas e weidere Member aus dem Schäfferot zu Wuert. Mat hei virop Kritik un der Manéier, wéi de griichesche Jughurts-Produzent déi lescht Jore kommunikéiert oder besser gesot net kommunikéiert huet.
Summer 2016, Summer 2020 - 4 Joer, bannent deenen et guer keng Kommunikatioun tëscht de Responsabele vu Fage an dem Schäfferot vu Beetebuerg ginn hätt. Méi Transparenz, "dat hätt munches villäicht erliichtert", sou de Gusty Graas. Eng Erfarung, aus där ee Léieren zéie misst. Den DP-Politiker wëll e Gesetzestext ausschaffen, an deem Entreprisen, déi e grousse Projet plangen, an Zukunft obligéiert ginn, eng ëffentlech Informatiounsversammlung ze organiséieren.
"Dann ass de Bierger och am Virfeld informéiert. Dat soll vir all Betrib vun enger gewësser Envergure u gëllen."
De Schäffe vu Beetebuerg gëtt och ze bedenken, datt en Dossier, wéi dee vu Fage, d'Gemengen u sech, séier iwwerfuerdert. Virop wann et drëms geet, bannen 15 Deeg en Avis iwwer e Projet ze schreiwen, deen iwwer 1.000 Säiten déck ass." Dat kann et net sinn. Do musse mer ëmdenken," sou de Gusty Graas
Gemengen, wéi Beetebuerg, fille sech hei vun der Regierung a vu Ministèren iwwer all gudde Wëllen eraus, eleng am Reen stoe gelooss. Virop wann am Summer och nach en Deel vum Personal am Congé ass.
D'Äntwert kënnt an den nächsten Deeg, verséchert de Wirtschaftsministère op Nofro hin.