PoliceFahrerflucht a versichten Attack op Polizisten zu Esch

RTL Lëtzebuerg
3 Accidenter e Sonndeg den Owend, 3 Mol war den Alkoholtest positiv.

An der rue Ferdinand Nothomb zu Esch koum et e Sonndeg den Owend um 22:10 Auer zu engem Accident mat Materialschued, bei deem de Chauffeur sech kuerz drop aus dem Stëbs gemaach. Staark ramponéiert konnt d'Gefier vun der Police spéider an der rue d'Audun erëmfonnt ginn. De Chauffer war sichtlech alkoholiséiert, wat och den Test erginn huet. De Permis war doropshi fort. Eng Persoun war bei Chauffeur dobäi an huet dunn ugesat, fir ee Beamte mat der Fauscht ze schloen. Dëst konnt awer ënnerbonne ginn an de Mann gouf immobiliséiert. Hie koum fir auszeniichteren an Arrest.

Accident och zu Äischen an der rue de Steinfort, dat e Sonndeg den Owend um 23 Auer. Hei ass eng Automobilistin mat hirem Won un d'Schleidere komm a krut e Luuchtepotto ze paken. D'Fra gouf dobäi liicht blesséiert a stoung ënnert héijem Alkoholafloss. Och si huet hire Permis verluer.

E Sonndeg kuerz virun Hallefnuecht huet sech zu Wolz en Auto op d'Kopp gedréint, dat nodeems en an eng Mauer gerannt ze sinn. Eng Persoun gouf blesséiert. Den Accident ass geschitt vun der rue de la Chapelle a Richtung rue de Kautenbach. D'Pompjeeë vu Wolz an dem Kiischpelt waren op der Plaz, grad ewéi den Ettelbrécker Samu an d'Ambulanz vu Wolz. De Mann koum dono an d'Spidol, wou en Alkoholtest gemaach gouf, deen och positiv ausgefall ass. E Fuerverbuet gouf géint de Mann ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO