
Verschéckt ginn dës Mailen oder SMSen am Numm vun der Police a Guichet.lu an et gëtt hei Geld gefuerdert, dat am Kader vun engem presuméierte Verkéiersdelikt. Nodeems d’Affer dëser Opfuerderung nokomm ass, gëtt et vun enger Persoun kontaktéiert, déi sech als Mataarbechter vun der Bank ausgëtt an hinne seet, dass onberechtegter Weis Sue vun hirem Kont ofgaange wieren, an dass d’Bankkaarte missten ausgetosch ginn. Dat fir op dës Manéier un d’Zougangsdonnéeë vun de Konten ze kommen.
Dës E-Maile si gefälscht a kommen net offiziell vu de genannten Instanzen.
D’Police wëll an deem Kader nach eemol drop hiweisen, dass et sech hei kloer ëm eng Arnaque handelt. E-Maile verschécke gehéiert net zu den Demarche vun der Police, scho guer net, wann et ëm Protokoller geet.

Et sollt een esou E-Mailen dowéinst einfach ignoréieren a läschen, falls een esou eng, oder änlech E-Maile säitens der Police kritt. Ass een awer schonn Affer vun esou engem Bedruch ginn, sollt ee sech um Policebüro mellen an eng Plainte maachen.
D’Police mécht dann och den Opruff, virun allem méi al Leit a sengem Ëmfeld op dës Arnaque opmierksam ze maachen an z’informéieren.