BedruchsserieFalsch Polizisten: Dacks eeler Persounen am Viséier

RTL Lëtzebuerg
An de leschten Deeg hat d'Police mat enger ganzer Rei vu Bedruchsfäll ze dinn, wou sech Persounen als falsch Polizisten ausginn hunn.
© RTL Archiv

Ënnert dem Virwand, et wier en uergt Accident geschitt, an deem e Familljemember dra verwéckelt gouf, ginn d’Affer, virun allem eeler Persounen, ugeruff an opgefuerdert, eng Kautioun ze bezuelen. Nëmmen esou kéimen d’Familljememberen nees op fräie Fouss.
D’Affer géifen um Telefon esou ënner Drock gesat ginn, dass se sech bereet erklären, Wäertgéigestänn, wéi Bijouen oder Geld, ofzeginn. Dëst gëtt da vu falsche Polizisten oder Mataarbechter vum Geriicht beim Affer doheem ofgeholl.

An deem Kader rappelléiert d’Police, dass esou eng Prozedur, bei där een eng Kautioun hannerleeë kann, zu Lëtzebuerg net praktizéiert gëtt. Dobäi kënnt, dass Polizisten zu Lëtzebuerg och Lëtzebuergesch schwätzen. Sollt et Zweiwel iwwert d’Glafwierdegkeet un enger Persoun ginn, déi sech als Polizist ausgëtt, soll een net zécken a sech bei der Police nach eemol ofsécheren.

Eng Lëscht mat allen Informatiounen zu de Policebüroen an ärer Géigend gëtt et hei!

Sollt och dir esou en Uruff kréien oder kritt hunn, heescht et, fir sech direkt bei der Police ze mellen an op kee Fall op d’Fuerderungen anzegoen. Weider Infoen iwwert déi verschidde Bedruchsformen ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO