Police warnt viru SmishingFalsch SMSe vu Banken, Streaming- a Liwwerdéngschter an Autoritéiten ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Der Police goufen eng Rëtsch Fäll gemellt, bei deenen d'Leit iwwer SMS informéiert ginn, datt hinnen eng erhieflech Zomm Suen zoustoe géing.
© AFP Archiv

An SMSen, déi vu presuméierte Banken, Streaming- oder Liwwerdéngschter, oder lokalen Autoritéite verschéckt solle ginn, ginn d’Leit dozou opgefuerdert, op e Link ze klicken a perséinlech Donnéeë wéi Bankdaten unzeginn. Esou kommen déi Onéierlech un d’Kreditkaarten-Donnéeë vun den Affer, fir deels erhieflech Zommen opzehiewen.

Wann een esou eng SMS kritt, soll een op kee Fall op de Link klicken. Et handelt sech nämlech ëm Smishing, wéi d’Police mellt.

Wéi Dir Iech esou SMSen erkennen an Iech do virdru schütze kënnt, fannt Dir op verschidden Internetsitte vun der Police, der Regierung an dem Guichet:

Back to Top
CIM LOGO