ArnaqueFalsch Whatsapp-Noriicht vun der BGL zirkuléiert

RTL Lëtzebuerg
An der Noriicht heescht et, d'Bank hätt eng "suspekt Aktivitéit" um Kont festgestallt.
© RTL Mobile-Reporter

Fir den angeeblechen Transfert vun de Suen nees réckgängeg ze maachen, misst een op ee Link an der Noriicht klicken. Am Message fanne sech awer eng sëllege Schreiffeeler, déi op eng Arnaque hiweisen. Amplaz vu “Concernant” steet zum Beispill “Consernant” an der Noriicht an et ass ee Komma, amplaz vun engem Punkt gesat ginn.

© RTL Mobile-Reporter

Op hirem Internetsite warnt d’BGL virun Arnaquen. Dës kéint een ënnert anerem doriwwer erkennen, datt d’Messagen dacks ee Link op een net vertrauenswierdege Site hätten, wou een da gefrot gëtt, fir seng Bankdonnéeën oppen ze leeën. Dacks géifen d’Sitten do dann och deenen echte zum verwiesselen änlech ausgesinn. Eng seriö Entreprise géif een awer ni drëm bieden, hir Kaarten-Informatiounen ze verroden.

Wat Dir maache sollt, wann Dir op d’Noriicht reagéiert hutt, kënnt Dir um Site vun der BGL noliesen.

Weider Infoen dozou, wéi een Arnaquen zouverlässeg erkenne kann, fannt Dir am RTL-Faktencheck.

Back to Top
CIM LOGO