
Den Ugekloten, deen e Méindeg net fir säi Prozess ugetrueden ass, war viru 6 Méint zu Déifferdeng mat senger Camionnette de falsche Wee duerch e Sens unique gefuer. Wéi e Polizist hien ugeschwat huet, hat den Automobilist Gas ginn an ass dem Beamte vun der Police iwwert de Fouss gefuer. Eréischt no e puer Meter ass hie stoe bliwwen.
2,08 Promill Alkohol hat de Chauffer am Blutt. D'Uerteel ass fir den 18. November.