1.200€ a Fuerverbuet vu 27 Méint Falsche Wee duerch Sens Unique, Polizist iwwer Fouss gefuer mat iwwer 2 Promill

RTL Lëtzebuerg
Dozou gouf ewell um Stater Geriicht e Mann verurteelt, deen am Mee voll gefuer an trotz dem Uerder vun engem Polizist net stoebliwwe war.

Dozou gouf ewell um Stater Geriicht e Mann verurteelt, deen am Mee voll gefuer an trotz dem Uerder vun engem Polizist net stoe bliwwe war. Viru 6 Méint war den Ugekloten, deen net fir säi Prozess ugetruede war, zu Déifferdeng mat senger Camionnette de falsche Wee duerch eng Einbahnstrooss gefuer; wéi e Polizist hien ugeschwat huet, hat de Mann Gas ginn, war dem Polizist iwwer e Fouss gefuer an hat eréischt no e puer Meter stall gehalen. De Chauffeur hat 2,08 Promill Alkohol am Blutt.

Back to Top
CIM LOGO