Geféierlech Course-poursuiteFalsche Wee iwwer Autobunn a Polizist bal iwwerrannt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg huet e Chauffer versicht, sech enger Police-Kontroll z'entzéien an dobäi geféierlech Manöver gemaach.
© Domingos Oliveira (Archivfoto)

Géint 3 Auer an der Nuecht ass d'Police an der Rue de Lallange op e Gefier opmierksam ginn. Den Automobilist wollt allerdéngs net stoe bleiwen an ass mat héijer Vitess duerch Esch/Uelzecht gerannt, fir sech aus dem Stëbs ze maachen.

Donieft gouf géint de Code de la route verstouss, well de Chauffer e puer Mol duerch Rout gefuer ass an de falsche Wee duerch de Rond-point Rammerech. Nom Rond-point huet hie plëtzlech d'Kéier matzen op der Strooss gemaach an ass mat engem Gefier vun der Police kollidéiert. Wéi d'Beamten aus dem Auto erausgeklomme sinn, fir de Mann ze immobiliséieren, huet dëse Vollgas ginn a bal e Polizist ze pake kritt. De Beamte konnt nach rechtzäiteg op d'Säit sprangen a sech a Sécherheet bréngen.

Weider goung d'Flucht a Richtung A4. Hien ass de falsche Wee op d'Autobunn (Richtung Stad) gefuer. Der Police ass et gelongen, hien op der Héicht vum Radar auszebremsen, well eng Stroossespär opgeriicht gouf.

Am Police-Bulletin steet ze liesen, dass béid Persounen am Auto konnten immobiliséiert ginn, de Chauffer huet sech dobäi hefteg gewiert. Den Alkohol- an Drogentest si positiv ausgefall.

Op Uerder vum Parquet gouf den Automobilist festgeholl an den Auto saiséiert. Hien koum e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.

Weider Police-Asätz goufen et e Sonndeg zu Rodange an Esch/Uelzecht. 2 Persoune sinn duerch hiert Fuerverhalen opgefall. Den Alkoholtest war a béide Fäll positiv. Si waren de Permis op der Plaz lass.

Back to Top
CIM LOGO