"Mir haten Angscht"Famill mat 3 Kanner nees zréck doheem

Pierre Weimerskirch
Fanny Kinsch
Eng Famill mat 3 Kanner, déi zu Kabul blockéiert war, wéi d’Taliban d’Muecht iwwerholl hunn, ass um Méindeg nees doheem zu Lëtzebuerg ukomm.
Famill mat 3 Kanner nees zréck doheem
Eng Famill mat 3 Kanner, déi zu Kabul blockéiert waren, wéi d’Taliban d’Muecht iwwerholl hunn, ass um Méindeg nees doheem zu Lëtzebuerg ukomm.

Famill mat 3 Kanner nees doheem / Rep. Fanny Kinsch

Si wollten nach eng leschte Kéier hir Famill am Afghanistan besichen, ma si goufen, wéi vill anerer, vun der Vitess vun den Taliban iwwerrascht. 2010 ass de Mahdi als Flüchtling op Lëtzebuerg komm. 2013 krut hien de Statut. 2015 konnt seng Fra mat 2 Kanner nokommen, mëttlerweil ass een zu 5.

Ufank August ass een an den Afghanistan gereest, fir d’Famill ze besichen. De 17. August hat een e Vol zréck an Europa gebucht. De 15. August hunn d’Taliban d’afghanesch Haaptstad ageholl, zu engem Ament, wou och den amerikanesche Geheimdéngscht dovun ausgaangen ass, datt Kabul nach fir Woche sécher wier. D’Situatioun an der Stad hätt sech bannent e puer Stonne geännert.

Insgesamt véier Mol hätt ee versicht, op de Flughafen ze kommen. Et wier ee permanent, mat enger Persoun zu Lëtzebuerg a Kontakt gewiescht. Militär aus villen europäesche Länner hätt Kontakt mat der Famill opgeholl, fir se erauszekréien. De leschten Owend, éier een et erausgepackt huet, gouf ee vun der däitscher Bundeswehr kontaktéiert an a Richtung Fluchhafe guidéiert. Wou ee schonn am Taxi war fir dohin, koum e Message vun der belscher Ambassade. Mat enger Auerzäit an engem geneeën Treffpunkt matten a Kabul. D’Erliichterung wier grouss gewiescht, wéi een zu Islamabad ukomm wier, an e puer Stonnen drop zu Bréissel gelant wier.

Mat engem Lëtzebuerger Bus wier een dunn nees heemkomm. Mat der Hëllef vun der Lëtzebuerger Regierung wier et och méiglech gewiescht, seng Schwëster mat aus Kabul erauszekréien. Als Ingenieurin huet si fir d’afghanesch Regierung an amerikanesch Firme geschafft. Elo freet si Asyl am Grand-Duché un.

Back to Top
CIM LOGO