PoliceFarerflucht no Accident mat Materialschued zu Téiteng

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 7.30 Auer en Donneschdeg de Moie koum et an der Haaptstrooss zu Téiteng zu engem Accident mat Materialschued tëscht 2 Autoen.
© RTL Archivbild

Wéi d’Police schreift, huet sech de Chauffer, deen um Accident bedeelegt war, a Richtung Keel ewechgemaach. De flüchtege Won gouf lokaliséiert, ma wéi d’Polizisten de Mann, deen nieft dem Won stoung, wollten uschwätzen, ass dësen zu Fouss geflücht.

Et gouf eng Sichaktioun lancéiert an de Mann konnt mat Hëllef vun enger Patrull mat Sichhënn gestallt ginn. Bei der spéiderer Iwwerpréiwung koum eraus, dass hie kee valabele Permis hat a säin Auto net assuréiert war. Och en Drogeschnelltest war positiv.

Op Uerder vum Parquet gouf den Auto séchergestallt an de Mann krut eng Plainte.

Back to Top
CIM LOGO