
Dëst Gefier gouf an eng Mauer gedréckt. Och en drëtte Won gouf beschiedegt. De schëllege Chauffeur ass a Richtung Rëmeleng fort gerannt. Eng Enquête leeft.
D’Police huet um Mëttwoch grouss Alkoholkontrolle gemaach. Dat war de Fall zu Capellen a Käerch sou wéi och zu Bidscht an Heischent. Bal 400 Chauffeuren hu misste blosen. 4 vun hinnen haten ze vill. 2 Permise si fort.