Net jiddereen ass begeeschtert Federatioun vun de Juegdsyndikater fuerdert méi Opklärung an nei Juegdmethoden

Tim Morizet
Dat wier néideg, fir d'Iwwerpopulatioun beim Wëldbestand an de Lëtzebuerger Bëscher besser an de Grëff ze kréien.
Federatioun vun de Juegdsyndikater fuerdert méi Opklärung an nei Juegdmethoden
Dat wier néideg, fir d’Iwwerpopulatioun beim Wëldbestand an de Lëtzebuerger Bëscher besser an de Grëff ze kréien.

Déi lescht Jore wieren d’Jeeër ëmmer nees Affer vu Sabotage ginn. Och wärend der Juegd selwer géif een ëmmer méi dacks vu Matbierger am Bësch gestéiert ginn. D’Federatioun hofft op méi streng Regulatiounen an den Asaz vu Wëldfang-Statiounen. Mee net jiddereen ass begeeschtert vun dëser Iddi.

Jonk Beem wuessen am Bësch kaum nach an de Schued op de Stécker vum Bauer hëlt vu Joer zu Joer zou. D’Zuel vun 2.000 Jeeër zu Lëtzebuerg bleift iwwert déi lescht Jore stabil. De Wëldbestand awer wiisst monter virun. De Schued, deen d’Wëllschwäin hannerloossen, ass grouss – dofir fuerdert d’Federatioun vun de Juegdsyndikater op hirer AG dréngend e Management-Plang vun der Politik.
“Dat soll eng Bestandsopnam si vun der Situatioun mat och Léisungsvirschléi, fir d’Problematik an de Grëff ze kréien.”, esou den Nic Etgen, de President vun der Federatioun vun de Juegdsyndikater.

En éischte Face-à-Face mam neien Ëmweltminister Serge Wilmes gouf et d’lescht Woch. D’Juegd, respektiv d’Juegdsyndikater, solle besser finanzéiert ginn. Et ass och de Wonsch no engem méi positiven Image beim Public.

D’Populatioun muss opgekläert ginn iwwert d’Noutwendegkeet vun der Juegd. Et muss an de Schoulen erkläert ginn, datt d’Juegd absolut noutwenneg ass, wa mer wëllen eng gesond Planzen- an Déierewelt wëllen erhalen. Dat Märche vum béise Jeeër ass net méi ubruecht.

Et hofft een op méi Oppenheet fir nei Juegdmethoden: ewéi dem Wildfang. Dëse gëtt zanter Joren an Däitschland bedriwwen a war wärend der Bekämpfung vun der afrikanescher Schwéngspescht an der Belsch enorm beléift. Hei sinn 2020 37% vun alle Säi iwwert eng Fal geschoss ginn.

Hei gëtt op 3 bis 3000m2 en eenzelt Déier oder eng “Rotte” – eng ganz Famill - mat vill Fudder ugelackelt, gefaangen – a soll – puer Stonnen drop – geschoss ginn.

Ech denken do virun allem u Beräicher, an deenen een aus Sécherheetsgrënn net schéisse kann. Dat well zum Beispill Leit ze nobäi wunnen oder Waasserflächen, wou aus ballistesche Grënn net dierf geschoss ginn. Genau hei kéint ee sech iwwerleeën, dës Technik als zousätzlech Method ze consideréieren.”, seet den Dr Ulf Hohmann, Spezialist fir ekologesch Bësch-Entwécklung.

D’Effizienz awer ass limitéiert: Vill Aarbecht fir den Opbau an et muss vill gefiddert ginn.

Dës intelligent Aart vu Mamendéier däerf net ënnerschätzen. Dat ass de Grond, firwat mer am Ufank warscheinlech och vill Klenger fänken. Déi méi erfueren Déieren hale sech gären Ufanks vun de Falen ewech.

D’Meenung am Sall ass gespléckt. D’Federatioun dréckt. Den zoustännege Ministère awer weist sech viru Woche schonn zeréckhalend.

Mir wäerten net op de Wee goen, Falen iwwerall ze erlaben. Se solle keen Deel vum Juegdrecht ginn. Dat heiten ass eng Mesure, fir d’Natur ze schützen am Kader vum Naturschutz.”, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes schonns den 12. Mäerz.

Eng Naturschutzmesure, déi um Haff Réimech soll agefouert ginn, ma net esou séier hire Wee an d’Juegdgesetz soll fannen.

Back to Top
CIM LOGO