Auto, Scooter an AarbechtsmaschinnNet manner wéi dräi Persoune goufen ugestouss an de leschte Stonnen

Andy Brücker
Nieft deenen Accidenter gouf et och nach eng Kollisioun tëscht zwee Autoen an e Bëschbrand.
© CGDIS

Um 13:20 Auer ass zu Bouneweg an der Rue des Legionnaires eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn.

Nëmmen 10 Minutte méi spéit ass zu Téiteng an der Rue Neiwiss eng Persoun vun engem Scooter matgeholl ginn.

Um 15:40 Auer gouf et weideren Tëschefall an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng, wou eng Persoun vun enger Aarbechtsmaschinn vun engem Schantjen ugestouss gouf.

All Kéiers gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.

E weidere Blesséierte gouf et kuerz no 15 Auer, wéi op der Streck tëscht Steebrécken a Biergem zwee Autoen anenee gerannt sinn.

Bei engem Bëschbrand um Briddel an der Rue des Bouleaux ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO