EnergiepräisserFEDIL erwaart sech cibléiert staatlech Aiden

Pit Everling
Et si virun allem d'Explosioune bei de Stroum- a Gaspräisser, déi enger Rei Betriber Suerge maachen, esou de René Winkin.
Ronn 50 Entreprisen direkt vun héiche Spritpräisser betraff
Duerch den Ukrainkrich huet d’Inflatioun elo eng nei Dimensioun erreecht.

FEDIL erwaart sech cibléiert staatlech Aiden

Wéi spiert d‘Lëtzebuerger Industrie d‘Konsequenze vum Krich an engem Ëmfeld wat souwisou scho schwiereg war?

Virop maachen déi aktuell héich Energiepräisser verschiddenen Acteuren ze schafen. Dat si mer bei der FEDIL gewuer ginn.

Et sinn also virun allem d‘Explosioune bei de Stroum- a Gaspräisser, déi enger Rei Betriber Suerge maachen, sou de René Winkin, Direkter vun der Industrielle-Federatioun.

René Winkin:De grousse Verbrauch hu mer a Secteuren, wou Metall thermesch verschafft gëtt oder wéi an der Kofferindustrie iwwer Elektrolyse. Dann hu mer mineralesch Secteuren: Glas, Zement. An der Chimie ass virun allem d’Plasturgie, déi meeschtens stroumintensiv ass.

Eng knapp 50 Industrie-Betriber gëllen zu Lëtzebuerg als stroumintensiv. Net all Betrib ass d’selwecht exposéiert, well alt Kontrakter fir Energie op e ganzt Joer gemaach ginn. Da gëtt et awer och Firmen, déi d‘Energie esou kafen, wéi se se brauchen. Déi sinn aktuell natierlech méi staark betraff. E Probleem gëtt et och bei deenen, déi d‘Präisser guer net un de Client kënne weider ginn, sou de René Winkin, deen eis d‘Dimensioun vun de Präishaussen nach emol virun Aen féiert.

René Winkin:Stroum huet jorelaang 40€ pro MWh kascht, Gas huet jorelaang tëscht 15 an 20€/MWh kascht. Virun 2 Deeg huet Stroum 400€ kascht, dat 10-facht. Gas huet dat 12-facht kascht.

De Masutt spillt natierlech och indirekt eng Roll an der Industrie, wéinst dem Transport. D’FEDIL bréngt och staatlech Aiden an d’Spill, déi kéinten néideg ginn.

René Winkin:De Staat huet Interêt, datt eng ganz Partie Industrien an der Produktioun bleiwen an net decidéiere fir opzehalen, well et sech net méi rechent. Da kann ee cibléiert hëllefen. Dat ass lo duerch déi nei Guidelines vu Bréissel vill méi méiglech ginn. Dofir erwaarde mer eis, datt lo an den nächsten Deeg Konkretes kënnt vun der Regierung.

Och soss huet den Ukrain-Krich en Impakt, engersäits en direkten, well Lëtzebuerger Industrie-Projeten a Russland an an der Ukrain lo näischt méi ginn. Da gëtt et och en indirekten Impakt, well a Russland an an der Ukrain vill Kabel produzéiert gëtt.

René Winkin: Wann dat dozou féiert, datt een Automobil-Constructeur seng Produktioun drosselt, sou wéi dat well bei den Halbleiter geschitt ass. Da kréie Betriber hei zu Lëtzebuerg déi Parebrisë maachen oder Sensore gesot: Maacht lo emol lues mat äre Liwwerungen, well mir kommen net no.Déi héich Energiepräisser an d’Penurie bei de Materialien hätten awer net just eppes mam Ukrain-Krich ze dinn, ma deen hätt d‘Situatioun sécherlech verschäerft.

Back to Top
CIM LOGO