Finanzexpert Claude ArendFeeler goufen net nëmme bei der Caritas gemaach

RTL Lëtzebuerg
Et ass e sensibelen Dossier. Et war iwwerhaapt déi Nouvelle am Summer. D’Caritas krut 61 Milliounen Euro geklaut.

Vun 2 Banken, der BGL BNP Paribas an der Spuerkeess, si sëllegen Iwwerweisungen op eng Bank a Spuenien gaangen. Mir kommen net derlaanscht, iwwert de Rôle vun de Banken an deem Dossier ze schwätzen.

De Finanzexpert Claude Arend iwwer d’Caritas - Deel 1

Wann dat stëmmt, wat am Secteur erzielt gëtt an ze liese war, datt nämlech d’Caritas bei den zwou genannte Banke Suen iwwert Kreditlinne kritt, bei enger drëtter Bank awer den Accord fir eng Kreditlinn refuséiert gouf, dann ass jo kloer datt de Rôle vun den zwou genannte Banke muss hannerfrot ginn. Dat hannerfroen den Ament d’CSSF awer och déi europäesch Zentralbank.

D’Spuerkeess ass eng vun 113 wichtege Banken an Europa. D’Gréisst vum Bilan determinéiert dat. A steet domat ënnert direkter Opsiicht vu Frankfurt. An et ass jo kloer, dat EZB an CSSF wëlle verstoen, wat genau geschitt ass an ob et do Feeler an den interne Kontrolle goufen.

Feeler ginn et net nëmme bei der Caritas

D’Enquête vun EZB an CSSF wäert dat och an den nächste Wochen a Méint präziséieren. Awer et sollt een och bei der spuenescher Bank nokucken, well do ass, schéngt et mer, och bei KYC an AML net alles riicht gelaf.

D’KYC an AML: Kuerz erkläert hunn d’Banken eng Obligatioun, hir Clienten ze kennen a d’Aktivitéite ze verstoen. Dat gëllt fir Privatstéit also, fir Firmen a Fongen a Strukturen och. Awer nach méi fir Fondatiounen, och wann déi Caritas heeschen.

Sëllegen Iwwerweisungen op de selwechte Konto a Spuenien, awer net ëmmer den Numm vum selwechte Beneficiaire. Dat muss opfalen an hannerfrot ginn. Do wéi hei. An engem kuerzen Zäitraum grouss Zommen, wou beweegt goufen. Dat muss hannerfrot ginn, do wéi hei. A selbstverständlech dokumentéiert ginn.

A firwat Suen aus enger Kreditlinn vun ëm 10 Millioune mussen transferéiert ginn, en plus op eng Bank a Spuenien, muss hannerfrot an erëm dokumentéiert ginn. Bei de Lëtzebuerger Banken awer och a Spuenien sollte se eigentlech no engem Dokument froen, wat déi vill Suen, wou erakommen, kann erklären. Wann dat net kënnt, misst de Konto eigentlech blockéiert ginn. Transferten eraus op aner Konten a Banke misste verhënnert ginn. Well sougenannten „In/Out“-Transaktioune si ganz kloer eng “Red flag” a mussen hannerfrot ginn.

Et ass fir de Finanzexpert Claude Arendt kloer, datt d’Banken an der Causa Caritas mat responsabel sinn. “Si hu fir mech ganz kloer do de Schwaarze Péiter gezunn a wäerten deen och net sou séier lass ginn.”

Back to Top
CIM LOGO