
En Dënschdeg den Owend géint 20 Auer hunn d’Pompjeeë beim de Chalet vum Club des Jeunes zu Uespelt eng Übung ofgehalen. Entgéint éischten Informatiounen huet et deemno am Chalet net wierklech gebrannt.
Géint 20.20 Auer gouf zu Esch op der Kräizung tëscht dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Avenue de la Paix eng Persoun ugestouss a blesséiert. Secouriste vun Diddeleng an Esch waren op der Plaz. An der Nuecht op e Mëttwoch, géint 2 Auer, huet zu Esch dann och nach een Auto an enger Garage Feier gefaangen. Blesséiert gouf dobäi awer keen.